Bouwenzäit

VIRU 50 JOER – ODER AUS MENGER BOUWENZÄIT

HIERSCHT

Den 1. September huet d’Schoul erëm ugefaangen. Esou ëm déi 20 Kanner, vum éischte bis zum aachte Schouljoer, souzen all zesummen an engem Sall, an ale, wackelegen, eeche Bänken. Vir souzen déi Kleng a ganz hannen déi Grouss aus dem siwenten an aachte Schouljoer. Eise Schoulmeeschter, den Här J.P. Altmann, huet sech vill misse mat äis erëmploen. En huet sech bei kenger Klass laang opgehalen, well en huet äis bis zur Paus all missen erduerch kréien. En hat knapps 15 Minutte fir all Klass. D’Lee an de Griffel sinn nach bis an d’fënneft Schouljoer gebraucht ginn.

Den Hierscht war d’Zäit vun den Äppel, de Biren, de Quetschen, de Nëss, de Quidden, de Gromperen, de Rommelen an den Drauwen.

D’Uebst ass gepléckt oder och gerëselt ginn. D’Äppel sinn an der Äppelkummer gelagert gi fir de Wanter. Een Deel dervu koum an de Kelter, wou se ausgepresst goufen. D’Saaft hu mer an e grousst Fouderfaass geschott, wou et gäre gelooss ginn ass, fir Viz draus ze maachen. Amateure ware genuch do.

Déi gefalen oder gerëselt Quetsche sinn agemaischt ginn, fir spéider am Wanter ze brennen. Mat engem Deel vun de Quetschen ass Gebeess gekacht ginn. Duerfir hu mer dee grousse Kofferkessel aus dem Veräinsbau geléint. Hannert dem Haus ass e Feier ugefaange ginn, de gefëllte Kessel ass dropgestallt ginn an da goung et mam Gebeesskache lass. De ganzen Dag hu mer misse réieren, datt et net sollt ubrennen.

Och huet eis Boma Quetscheflued am Bakuewe gebak. Déi Taarte ware bal esou grouss wéi e Plourad an déck mat Quetsche beluecht.

Déi déck Nëss hu mer mat enger Staang vum Bam erofgeklappt a se dann op de Späicher gedroen, wou se konnten dréchnen. Néklosdag waren der schon net méi vill do, well d’Mais déi meescht schon opgefriess haten.

Mëtt September si mer an d’Lies gaangen, an de Kréibierg, wou mer zwéi Wangerten haten. Zwou hëlze Bidden an zwou hëlzen Hatte koumen op de Won, deen eist Päerd gezunn huet. Mir haten eng Woch laang keng Schoul, fir an der Lies matzehëllefen. Zwou Zorten Drauwe si gelies ginn : Elbling a Riesling & Sylvaner. Den Hattendréier hat eng schwéier Aarbecht. En huet misse gutt oppassen, datt en net mat der Hatt an d’Bidde gefall ass, wann en uewen op der Leeder stoung, fir d’Drauwen an d’Bidden ze tippen. Owes koum de Wënzer vu Schengen mat sengem Camion, fir d’Drauwe mat a seng Kellerei ze huelen. Mir hunn als Kanner vill zeideg Drauwen eragefeiert a kruten dacks e ferme Schësser dervun.

D’Aarbecht op de Stécker war beschwéierlech. Fir d’Gromperen erauszehuelen hate mer eng Bengelsmaschinn. Eise Pätter huet de Polly an de Mouche, dat waren eis zwee Päerd, ugespaant an da si mer an d’Laangwiss gerullt. Déi eise Greefer vun der Maschinn hunn d’Gromperen aus dem Buedem erausgeworf a mir hunn se hannendrun opgeraaft, a Kierf gefëllt an duerno a Säck. Owes si se an de Keller koum an do op e grousse Koup geschott ginn. Mir Kanner hu missen hëllefen, de Réck huet wéigedoen a mir wieren och léiwer spille gaangen. Mee, all Hänn si gebraucht ginn.

D’Rommelen hu mer mat der Hand erausgerappt, d’Geleef erofgeschnidden a se dann op e Koup gehäit. Déi déckst hu mer op d’Säit geluegt, fir Rauliichter draus ze man.

D’Rommele sinn an der Fudderkummer gelagert an am Wanter un d’Béischte verfiddert ginn.

Am Hierscht si mer all Dag mat de Kéi gefuer. D’Wise waren op, bis op Bous erof. Wann dann all déi Schoulbouwen hir Kéi beieneen haten, war dat schonn e groussen Trapp. Eis Hënn hu gutt op se opgepasst. Ass emol eng Kou an de Bësch gebëselt, hu si se gläich erëm erbäigedriwwen. Mir hunn äis beim Kéihidde gutt ameséiert. Mir hunn all Geschichtebicher aus der Schoulbibliothéik gelies, hu Gromperen am Feier gebroden an Hütte gebaut, déi méi schéi ware wéi dem Robinson Crusoe seng. D’Fligeren hu mech ganz staark intresséiert. Duerfir hunn ech ëmmer meng grouss Spektiv matgeholl an esou bal e Spitfire, e Mustang oder eng Dakota vum Findel iwwert de Kréibierg geschoss koum, hat ech de Fliger am Viséier an hunn dem Pilot gewénkt. Ech sinn och alt emol op eise Stréikaascht geklommen, fir nach méi no bei de Fligeren ze sinn.

No Allerhellgen ass d’Wieder méi elle ginn a mir souzen owes an der waarmer Stuff beim Kolonnenuewen. De Grols Jos, och de Kaudi genannt, huet dagsiwwer bei äis am Betrieb geschafft. Owes ass hien nach laang bei äis bliwwen an huet äis Geschichte verzielt. Ech hunn him ëmmer misse Viz an de Keller zape goen.

Mäi Papp, de Schlass Jemp, huet d’Mass um Piano geprouft a mäi Pätter, den Ady, huet en Theaterstéck studéiert, wat e wollt , als Regisseur, mam Gesank, de Jongmeedercher oder dem Spuerveräin, op d’Brieder bréngen.

D’Kiermes stoung virun der Dier an et huet geheescht: Mir mussen e Schwäin schluechten. Da koum de Grols Ferd, och alt emol de Meesch Albert, erop op d’Schlass.

Si waren d’Spezialiste vum Schluechten. De Guss ass geschoss, gestach, an der Wiss gesengt, opgehaangen a verschnidde ginn. Da goufen et Träipen a Jelli. D’Hamen, d’Specksäiten an d’Zoossiss si fäi propper am Räätshaischen opgehaange ginn.

De Rescht ass agesolpert ginn.

Op Kiermessonndeg huet déi Daller Musek den Hämmelsmarsch geblosen. Spéider huet de Briedemesser Gesank den Hämmelsmarsch gesongen. Eise Piano gouf op en Unhänger gesat, d’Sänger hunn och Plaz drop geholl an en Trakter huet de Briedemesser Chouer duerch d’Duerf gefouert. Wat et méi Drëppe gouf, wat de Gesank méi feireg a méi haart gouf, a wat de Jemp méi engagéiert an d’Taste gegraff huet.

Am November si mer dacks owes an de Rousekranz gaangen. All Bouf huet dann eng Täscheluucht matgeholl, fir sech an den Duerfgaassen erëmzefannen. Eng Stroossebeliichtung gouf et deemools nach net. Mat eise Scheinwerfer hu mer, esou wéi de Sherlock Holmes, all Eck am Duerf ausgeliicht. Et huet ee missen de Kierchhinnche geroden, soss huet d’Luucht näischt gedaacht.

De Schlappekino war ganz rar. Nëmme Päiffesch haten een. Wann d’Kueben op der Antenn souzen, war dacks Schnéi op dem Ecran. De Wanter duerch hu mer de Radio gelauschtert. « Dréi emol de Pol Leuck op!, » huet et da geheescht.

Néklosdag war fir äis Kanner ganz opreegend. De Kleeschen an den Houseker sinn an all Haus gaangen, wou Kanner waren. Si hunn Äppel, Nëss a Biren duerch d’Stuff geschoss, hunn nogefrot, ob d’Kanner dann och brav waren a sinn an der Nuecht erëm verschwonnen. Haut leie Pokémonen, Diddelen an Nintendoen op den Telleren. Déi Zäit gouf et e blechenen Zuch, eng hëlze Buerg, eng Gummispopp, e Grapp Séissegkeeten an e puer Stécker Uebst.

WANTER

All Joer, viru Chrëschtdag, huet an der Kierch d’Krëppche missen opgeriicht ginn. Eng Expeditioun bis op d’Scheier (dat ass e Flouernumm) ass organiséiert ginn, un deeër all d’Bouwen aus dem Duerf deelgeholl hunn. Mir hunn e puer Kromme gebraucht an e Weenchen. Op der Scheier ukomm, hu mer Zierden hiren Dännebësch gestiermt an esou vill Dännestraiss vun de Stämm erofgehaen, bis de Weenche voll beluede war. An da goung et erëm op den Heemwee. Gedréckt a gezunn, gekeimt, geschweesst a gestridden hu mer, bis mer iwwert d’Léikopp an erëm am Duerf waren. Dann ass d’Krëppchen an der Kierch opgeriicht ginn. Mir hunn d’Jesuskëndchen, d’Maria, de Jousef, d’Hierden, d’Schof, den Ochs an den Iesel erbäigeschleeft an och déi dräi Kinneken, obwuel déi nach e bëssen hannerwanns hu misse bleiwe mat hirem Kaméil, well hiren Dag nach net do war. Eise Paschtouer, de Marcel Hagen, huet kommedéiert a wann déi helleg Leit all placéiert waren, ass d’Krëpp mat eisen Dännestraiss agekleet ginn. Doheem hu mer och e Chrëschtbeemchen opgeriicht. Eise Pätter wousst gutt, wou en ee géing fannen. An der Däischtert ass hien an de Bësch getrëppelt an huet sech dee gehaen, deen e schonn zënter Allerhellgen am A hat, an dee fir hien dee schéinste war. En huet de Beemche gespëtzt, an eng Pulli gestach an en an der Stuff opgestallt. Op Hellgerowend hu mer e mat Bulle gerëscht. Eng Bescherung gouf et deemools net. Et louche muerges Orangen ënnert dem Beemchen, vun deenen d’Mamm behaapt huet, d’Chrëschtkëndchen hätt äis se matbruecht. D’Jesuskëndche war aus gielem Wuess, esou grouss ewéi eng Popp, an et louch an enger grénger hëlze Wéi. Aner Krëppefiguren hate mer nach keng.

Neijooschdag si mer der ganzer Famill wënsche gaangen, a wat d’Famillje méi grouss war, wat et besser fir äis war, well all Tatta, all Monni, all Giedel an all Pätter huet äis, wa mer wënsche koumen, e Neijooschdrénkgeld ginn, net fir ze drénken, mee fir an d’Spuerbéchs ze leeën.

Am Wanter huet d’Aarbecht net gerout.

Brennen

Et ass gebrannt ginn: Quetschen, Äppel a Biren. De Kessel ass mat dem Uebstbräi gefëllt ginn, d’Faass mat der Schlaang (e spiralfërmege Rouer) ass mat Waasser gefëllt ginn an d’Feier ënnert dem Kessel ass mat gerassene Bamstäck ugefaange ginn. D’Zeremonie vum Brennen huet deeglaang gedauert, a gespaant hunn déi Briedemesser Schnapsspezialisten op deen Ament gelauert, wou de fäerdege Branntewäin erausgelaf koum. Erlieft beim Prosten hunn ech de Brätesch Jemp, de Péiter Jos, de Péiter Kuni, de Meesch Albert, de Grols Jos, de Paals Pir, de Keller Jos. De Bräter huet seng Spiichte verzielt an eréischt déif an der Nuecht hu se sech erëm de Bréil erof gemaach. De neie Branntewäin ass a kleng Fässer gefëllt ginn. Dës schéin Traditioun féieren hautjesdaags den Hengeres Erny an de Greischen Aloyse zesumme mat eisem Pir, dem Brennhär vum Schlass, weider.

Photo - Schoulkanner

Dreschen

Am Wanter hu mer och gedresch. Eis Dreschmaschinn war an der Scheier agebaut. Muerges ass et mat Zäit lassgaangen. D’Rimme vun der Transmissioun sinn opgeluecht ginn, deen décken elektresche Motor ass ugeschalt ginn a schonn huet d’Dreschmaschinn gerubbelt. Ech hu mengem Papp d’Gaarwen op den Dësch vun der Maschinn gehäit. Hien huet se lassgeschnidden a se eran an d’Maschinn geschubst.Eise groussen Hond, de Belli, ass net vu mer gewach, huet ënnert all Gaarf gekuckt a Juegd op d’Mais gemaach. Ënne koum dann d’Stréi eraus. Et ass en hëlzene Reider erofgerutscht an do hunn eise Pätter an de Grols et opgefaangen an et an d’Kaaschteplaz gedroen. D’Fruuchtkäre sinn am Wann hin an hier gerëselt ginn an hu sech e Wee an d’Säck gesicht. Duerno si se um Bockel op de Späicher gedroe ginn an do op e grousse Koup geschott ginn, wou se konnte weider dréchnen. Dernieft louchen awer och nach déi déck Nëss, d’Hieselnëss an d’Ënnen. Am Daachgespär huet den Téi gehaangen. De Späicher war de Mais hiert Himmelräich. All Nuecht huet ee se héieren dohier rennen. De Schlof war dacks dohinn an ech hunn dann de Kueder eropgedroen, fir datt hie soll Remedur schafen. Et ass awer och nach mam Fléiwel gedresch ginn. Am Karschnatz hu mer nämlech Stréiseeler gebraucht, fir eng Zort Gaarwen ze bannen. Dat Stréi huet aus de Stiller vun der Kar (Roggen) bestanen. D’Kargaarwe sinn opgeschnidden an am Scheierdenn ausgespreet ginn. Eise Pätter an ech, mir hunn d’Fléiwelen erbäigeholl an hunn am Takt op d’Karstréi lassgehaen. War dem Pätter säin hëlzene Knëppel ënnen, dann huet mäi missen an der Luucht sinn. D’Stréi ass zu Seeler gebonne ginn, wat u sech eng richteg Konscht war. D’Kären hu mer zesummegeschäert, gesifft an opgehuewen, fir spéider ze verfidderen oder ze schroden.

Holz maachen

Am Wanter ass am Bësch Holz gemaach ginn. Queesch duerch d’Joer ass vill Holz an den Haiser verbrannt ginn : an der Kachmaschinn, am Kolonnenuewen, ënnert dem Schwéngskessel, am Bakuewen an an der Brennerei. Bei grousser Keelt sinn d’Baueren an hir Bëscher gezunn, mat der Aaxt, der Kromm, de Wecken, der Bock- an der Drummsee.

En etlech Beem hu missen dru gleewen a sinn ëmgehaen oder ëmgeseet ginn. D’Stämm sinn a Stécker geseet a mat de Wecke gespléckt ginn. D’Holz ass zu Kouerte getässelt ginn, déi kleng Äscht zu Fäsche gebonne ginn. Eréischt spéider ass d’Holz op dem Won heemgefouert an hannert dem Haus zu enger Holzmauer opgeschicht ginn.

Photo - Schoulkanner

Seeler

Seeler hu mer am Scheierdenn gedréit. Dat war dem Pätter seng Spezialitéit. En huet d’Ficelle gespaant, d’Schëffelche richteg dertëscht placéiert an dann ass et mam Dréie lassgaangen. Allerlee Seeler sinn, meescht op Bestellung, gemaach ginn : Päerdsléngten, Kaalwerstrécker, Wissbamsseeler (dat waren déi längst an déi déckst).

Wéi der gesitt, ass de ganze Wanter duerch geschafft ginn. Et goung awer alles méi am « Ralenti ». D’Leit hu sech fir alles méi Zäit geholl; et war méi gemittlech wéi haut.

Wantersport

Deemools louch de Schnéi héich an eng laang Zäit, alt dräi bis véier Méint. Da si mir Kanner mam Schlitt gefuer : an der Uecht, am Antebruch, op Hounes, an der Stärkailchen, d’Drohiel erof. Déi grouss Bouwen aus dem siwenten an aachte Schouljoer hu ganz uewe beim Bësch ugefaangen a sinn da mat Karacho erofgedonnert. Si waren déi grouss Helden a si vun deene Klenge bewonnert ginn. Bei Glatäis ass geschlibbert ginn, besonnech am Schoulhaff. Déi eeler Leit hu sech Huesen iwwert d’Schong gezunn, fir net ze falen. Dat waren hir « Spikes ».

Fester

Op Groussherzoginsgebuertsdag, also um Nationalfeierdag,(deemools den 23. Januar) hunn d’Veräiner sech op dem ale Veräinsbau versammelt. Eise Buergermeeschter, de Millesch August, huet eng schéi Ried gehalen, déi Briedemesser Pompjeeë stounge stramm an de Gesank huet d’Heemecht ugestëmmt. Déi eng Medail kruten, ware stolz ewéi Oskar a si bewonnert ginn. Am Cortège ass et dann an den Te Deum gaangen. An der Wiirtschaft, beim Ujeen a beim Liss, ass duerno op d’Heemecht an den Troun geprost ginn an eréischt géint eng Auer sinn déi meescht op de Kascht lassgaangen oder villméi getierkelt.

Op Liichtmëssdag si mir als Kanner liichte gaangen. Eise Schoulmeeschter, den Emile Burggraf, hat dee schéine Brauch erëm agefouert. D’Bengele si mer a Fuusslach an d’Hecke schneide gaangen. D’Wick hu mer an der Sakristei geholl, e laangt Stéck vum Rouleau erofgeschnidden, de Wuess iwwert der Flam waarm gemaach an d’Wick dann ëm de Bengel gewéckelt. Owes si mer an der Däischtert duerch d’Duerf gezunn an hunn de Leit eis Lidder zum Beschte ginn : « Léiwer Herrgottsblieschen » an « Maacht op, maacht op, mir komme liichten ». D’Leit hunn eis Méi mat Eeër a Miel belount. D’Paschtoueschkächen huet äis Nonnebréidercher mat Schoklaskaffi an der Stuff zerwéiert.

Theater ass all Joer gespillt ginn : vum Gesank, de Pompjeeën, de Jongmeedercher a spéider vum Spuerveräin. Mäi Pätter, de Schlass Ady, huet dacks Regie gefouert. Mäi Papp, de Schlass Jemp, huet d’Akteure musikalesch begleet. Et si lëschteg, dramatesch an traureg Stécker opgefouert ginn. D’Akteuren hunn hiert « Lampenfieber » mat e puer Fläsche Béier kuréiert, éier hiren Optrëtt koum. Mol hunn d’Leit sech kromm gelaacht, mol ganz eescht um Schicksal vun de Personnagen deelgeholl, an oft eng Tréin ofgewëscht. An der Paus huet de Jemp de Public mat Weise vum Dicks a vum Lentz ënnerhalen. Et sinn Tombolaslouse verkaaft ginn an nom Theater ass d’Tombola ausgespillt ginn.

Eng Sensatioun war d’Héichwaasser op der Musel. Mam Vëlo si mer op Réimech gefuer, fir d’Musel ze kucken, wéi se an der Maachergaass, an der Enzgaass a bei der Bréck stoung.

Op Hallefaaschten hunn déi Réimecher hir Kavalkad organiséiert, a vill Leit op dee Spektakel gelackelt.

Leider hu mer haut keen esou e richtege Wanter méi, mat vill Schnéi, Sonn an Äis, begleet vun engem natierleche Liewensoflaf, an deem sech Aarbecht, Rou a Fester ouni Stress ofwiesselen.

FRÉIJOER

Op de Stécker an am Gaart ass et mat der Aarbecht erëm lassgaangen. D’Stécker si mam Brabänner ëmgeplout ginn. Et gouf duerno geéicht, geséit, a mat der Roll ass de Buedem festgewalzt ginn. Vill Grompere si gesat ginn. De Gaart ass mam Spuet gegruewe ginn a mat deem néidege Geméis beplanzt ginn. D’Wise si mat der Roll geschleeft ginn, dat heescht, d’Maulbéchskläpp si platt gewalzt ginn. Um Gipsbroch ass erëm geschafft ginn, wat een um ville Schéissen héieren huet.

Virun Ouschteren, an der Karwoch, sinn d’Garre vum Späicher geholl an agefett ginn. Op Gréngendonneschdeg ass et fir eis Bouwe mam Garren eescht ginn. An der Nuecht op Karfreideg hunn sech all Bouwe bei äis um Schlass versammelt, an der Scheier, an dat scho vun dräi Auer un. Si sinn am Hee an am Stréi erëmgeklommen a geturnt an hunn drop gewaart, dass d’Schlassbomi d’Dier vun der Bakes opgemaach huet. Da souzen d’Jongen all an der waarmer Bakes beim Schwéngskessel an d’Bomi huet hinne Kuch zum beschte ginn. Um sechs Auer ass et da mat Garre lassgaangen. Um Schlass hu mer alleguer zesumme gegarrt. Am Duerf hate mer zwou Equippen. Et ass duerch de Leemeck, d’Komesgaass, de Paalseck an d’Gaass (dat war d’Groussgaass) gaangen.

Geruff hu mer : ‘t ass fir d’Muergesklack, ‘t ass fir d’Mëttesklack, ‘t ass fir d’Owesklack. Fir eng Mass oder eng Andacht awer huet et geheescht: ‘t ass fir d’éischt, ‘t ass fir d’zweet, ‘t ass fir d’drëtt, eemol, zweemol, dräimol, ‘t laut zu Haf, wien net goe kann, dee laf. Eise gréisste Gaudi war et, an der Kierch selwer, beim « Engel des Herrn » ze garren. Bei deem Gerubbels a Gekraachs huet een dat frommt Gebiet net méi verstanen. Op Ouschterdag, no der Fréimass, si mer dann duerch d’Duerf gezunn, fir eise Loun bei de Leit ze heeschen. D’Geld koum an eng Zigarekëscht an d’Eeër an e Kuerf. Beim Deelen ass et och alt emol Buttek ginn, well déi Grouss wollte vill méi kréie wéi déi Kleng.

Am Mee stoung d’Oktav um Programm an an der zweeter Woch, mëttwochs, ass gepilgert ginn. Zu Fouss, an der Pressessioun, ass et an aller Herrgottsfréi, duerch den Trëntengerdall, d’Kinett erop, dann duerch Mutfert bis op Éiter gaangen. Dobäi ass fläisseg gebiet ginn. Zu Éiter, op der Gare, hu mer den Zuch geholl fir an d’Stad. Als Kand hunn ech ëmmer dat schwaarzt Ongeheier vun Dampmaschinn gefaart. Vun der Gare an der Stad goung et, zesumme mat anere Pressessiounen, iwwert déi al Bréck an d’Kathedral. Hei hate mer alt emol d’Geleeënheet d’Mass ze déngen an dat war en Erliefnes: den Haaptälter mat der Muttergottes, déi vill Hären, de Bëschof Philippe, déi masseg Pilger an de Mäertchen. Owes goung et mam Binsfeld sengem Bus erëm heem. Et waren awer och eng Rei Briedemesser Männer, déi zu Fouss an d’Oktav gaange sinn. Si hunn de Wee iwwert Duelem, Haassel an Hesper geholl, an hunn an der Alscheier, hannert Haassel, eng Rascht mat Picknick ageluecht.

Am Juni, dem Heemount, sinn d’Bauere schon ëm véier Auer moies opgestan a mat der Méimaschinn an d’Wise gefuer. Dat laangt Messer am Mähbalken huet d’Gras geschnidden an d’Wiss huet no e puer Stonnen ausgesinn ewéi eng grénggesträiften Decken. Den Dag drop ass d’Gras mat der Kéiermaschinn gekéiert an zu Hee dréchne gelooss ginn. Mam grousse Riech ass et zesummegeschäert an dann op Häischt gemaach ginn. Déi zwou Maschinne si vun engem Päerd gezu ginn. D’Häischt si mat der Gafel gemaach ginn. War d’Hee dann endlech gutt, dat heescht ganz dréchen, ass et op den Englänner, e Won, dee méi breet wéi e Leederwon war, geluede ginn, an heem an d’Scheier gefouert ginn. Eise Pätter war Spezialist am Tässelen. D’Hee huet misse gutt um Won getässelt ginn, soss ass et ausernee gebascht an erofgefall. Et koum dee laange Wissbam drop an dann ass et mat dem Wissbamseel gebonne ginn. Mir souzen als Bouwen héich uewen um Won an haten e wonnerbaren Ausbléck op d’Strooss an op eis zwee Päerd Polly a Mouche. Ënnerwee hu mer déi éischt Kiischten, Quetschen a Gehaansäppel geschmaacht. D’Äscht an d’Blieder hunn äis ëm d’Ouere gefacht an äis bal vum Won erofgehäit. Virun der Scheier stoung de Bléiser, deen äis d’Hee erop op den Heeklapp geblosen huet. Vill Leit hunn hiert Hee awer nach mat der Hand ofgelueden.

Holz

Mäi Papp huet d’See an der Wierkstaat gefeilt a se op d’Seemaschinn gespaant, déi mer aus dem Schapp erausgezunn hunn. D’Kouerte sinn all verschnidde ginn an d’Stécker sinn op ee Koup gehäit ginn. No an no hu mer d’Holz gerass, an de Schapp gefouert an et do mat vill Léift getässelt, fir et deen nächste Wanter am Kolonnenuewen oder an der Kachmaschinn ze verbrennen.

Beien hate mer esou ëm déi zwanzeg Stäck. D’ganzt Fréijor duerch sinn se erausgeflunn, fir Hunneg ze maachen. Ma ech war hinnen ëmmer an der Wee. Si haten et op mech sëtzen an hu mech gestach, wann se nëmme konnten. Meescht sinn ech dorëmmer gelaf mat engem geschwollenen A, enger Bëlz op der Stir, enger décker Lëps oder Nues.

Mäi Papp hat d’Beienziichterei als Hobby. Soubal d’Wabe voll mat Hunneg waren, huet hien d’Schleider an der Bakes op engem Bock opgeriicht. Dann huet e seng Beiekap opgesat, seng Päif, déi en sech aus enger Loftpompel gebastelt hat, ugefaang an ass a säi Beienhaische geschlach. Hei huet hien de Stack opgemaach an d’Waben erausgeholl. Dobäi huet e seng Beie mat Damp berouegt an ageschléifert, ieren hinnen den Hunneg geholl huet. Mat engem laange Messer huet en d’Deckele vun den Zellen erofgeschnidden a se an den drote Kuerf vun der Schleider gesat. Elo konnt ech dann dréien, sou séier et nëmme goung, an dobäi ass den Hunneg erausgeflunn. Mir hunn den Hunneg a Glieser an an Dëppen agezaapt a muenchereen aus dem Duerf glécklech gemaach.

SUMMER

Déi meeschten Aarbecht huet de Karschnatz mat sech bruecht. De Binder huet missen opgeriicht ginn, d’Dicher sinn opgeluecht a gespaant ginn, den Haspel ass ageschrauft ginn, d’Rieder si geuelegt ginn an et koum nei Ficelle an de Behälter. Dat war dem Pätter seng Aarbecht. Scho muerges fréi sinn d’Fruuchtstécker mat der Flaus lassgeméit ginn. Dann huet mäi Papp dräi Päerd un de Binder gespaant: de Polly, de Mouche an Hengeres hire Frëtz. Mäi Papp ass niewent de Päerd getrëppelt an de Pätter souz hannen um Binder ewéi e Kapitän. Hien hat dee ganze Klapperatismus (wéi hie sot) am Grëff.

De Binder huet d’Fruuchthällem ofgeméit, se zu Gaarwe gebonnen a se dann hannen erausgespaut. All Leit, déi am Karschnatz gehollef hunn, sinn elo aktiv ginn. Mir hunn d’Gaarwen zesummen op Kéip gestallt, zu aacht oder zu zéng. Op all Koup ass en Hout komm. Dat war eng Gaarf, déi kee Reen an de Koup sickere gelooss huet. Mir haten, wéi gesot, Hëllef aus dem Duerf. Well mir dem Hengeres Jang seng Stécker matgebindert hunn, hu si äis ëmmer gehollef: de Jang an d’Gréit, d’Rosa, de Rën an d’Henriette.

Wéi de Rën bis e neien Trakter krut, e Kramer, dunn ass et méi séier gaangen. Soubal d’Gaarwen dréche waren, si se mam Won an d’Scheier gefouert ginn. Do si se mat der Hand oder mam Bléiser ofgelueden an an der Kaaschtplaz getässelt ginn fir am Wanter gedresch ze ginn.

Am spéide Summer ass och nach Groum gemaach ginn, en zweet Heemaachen.

An de Bongerten ass d’Uebst esou lues zeideg ginn. D’Kiischten, d’Gehaansäppel, d’Mirabellen, d’Praumen an d’Réngglotte si gerëselt oder gepléckt ginn. D’Uebst gouf agemaach oder zu Gebeess verschafft. De Richards Théid vun Duelem oder de Kongert aus dem Dall hunn d’Uebst regelmässeg ofgeholl, fir et um Maart an der Stad ze verkafen. Deeglaang hu mer rout Kréischelen am Gaart gestrëppt a Päerdsbier an den Hecke gepléckt.

Viru Léiffrawëschdag si mer « an de Wësch » gaangen. Mir sinn duerch d’Duerf gezunn an hu bei all Dier geruff : « An de Wësch ! » Mir hunn all méiglech Zorte Kraider bei de Leit geheescht : Dëll, Peffermannstéi, Ouschterlazei, Nuetsschied, Strëpp, Muerten, Ënnen,…. Jiddwer Kand huet sech e schéinen, décke Wësch gebonnen, e mat an d’Kierch geholl an e seene gelooss. Doheem ass en dann un eng Dunn gehaange ginn.

Am Summer sinn zwou Pressessiounen duerch d’Duerf gaangen: eng op Härläichendag an eng op Léiffrawëschdag. E puer Deeg virdrun hu mer d’Liichteren, d’Vasen, d’Fändelen an d’Teppecher vum Späicher oder aus dem Schaf geholl. Eise Pätter an ech hunn d’Kapell gebotzt, d’Häerz Jesu – Statu ofgemaach a masseg Blummen am Gaart ofgeschnidden. Domat ass d’Kapell gerëscht ginn. An op de Buedem koumen zwéi grouss Teppecher. Op deem hellegen Dag huet d’ganz Poar sech vrun der Kierch opgestallt zu enger anstänneger Pressessioun. Virop sinn dräi Massendénger,mat dem Kräiz an der Mëtt, marschéiert. Du koumen d’Schoulkanner, d’Pompjeeën an de Gesank. De Mëttelponkt war den Himmel. En ass vun de Jongmänner gedroe ginn. Ënnert dem Himmel ass de Paschtouer gaangen an en huet déi schwéier Barockmonstranz mat dem Allerhellegste gedroen. Dat war eng grouss Hostchen, déi an der Mëtt vun der Monstranz an engem gëllenen Haische geliicht huet. D’Kommiounsmeedercher hu sech vrun dem Allerhellegste vernäipt a Blumme gestreet. Hannert dem Himmel koumen dann d’Duerfleit oder « das betende Volk »,: d’Männer vir an d’Fraleit zum Schluss. D’Fraen hu mat helle Stëmme gebiet, d’Männer éischter gegrommelt. Bei eiser Kapell gouf et deen éischte Segen. De Schoulmeeschter huet seng Stëmmgafel bei d’Ouer gehalen, de richtegen Toun uginn an dann huet de Gesank den Tantum ergo véierstëmmeg gesongen. D’Leit hu geknéit an de Segen ëmfaangen. Da goung et weider, d’Gaass erop, erëm erof an dann an d’Kierch zréck. Bei Meesch, bei Thinnes an ënnen am Duerf, vis-à-vis vum Paschtoueschhaus, ass et all Kéier e Sege mat feierlechem Gesank a Geschells ginn. Bei der Ofschlossfeier an der Kierch ass dee schéinsten Tantum ergo gesonge ginn. Mir als

Massendénger hu geschellt esou haart et goung an de Jemp op der Uergel huet den Tutti-Knäppchen agedréckt an zu Éiere Gottes esou virtuos improviséiert, datt de Stëbs aus de Päife geflunn ass.

No der Feier hu mer bei der Kapell opgeraumt an all dat Pressessiounsgeschir ass erëm fäi propper an de Schaf an op de Späicher komm.

D’Männer souzen all an der Wiertschaft beim Ujeen fir sech ze erhuelen. Eemol sot een zu engem Sänger : « So, wat hutt dir awer erëm esou falsch gesongen haut ! » De Sänger dorop hin : « Hal du mol deng domm Schnëss, du kannscht jo nëmme päerkse wéi en ale Kueb. »

Ausflich

Am Summer hunn de Gesank, d’Pompjeeën a spéider de Spuerveräin en Ausfluch gemaach. Dat war eng Sensatioun. Et goung op de Rhäin, an den Elsass, op de Bodensee, an den Tiroul, an de Schwarzwald an esou guer op d’Weltausstellung op Bréissel. D’ganzt

Duerf war a Gedanke bei deenen, déi eraus an d’Welt gefuer sinn. An nach laang duerno sinn Anekdote verzielt ginn, déi op deene Reese passéiert sinn.

Fester a Coursen

Zu Briedemes hunn d’Pompjeeën alt emol e Wisefest organiséiert op der Plaz virun der Kierch an déi Daller haten natierlech hiert grousst Kiischtefest zu Trënteng an enger Wiss laanscht d’Strooss. Harmonikasmusek, Danz, Thüringer a Gedrénks hunn d’Atmosphär bestëmmt .

Eng Vëloscourse koum geleegentlech duerch d’Duerf. Da stounge mer am Schlassbierg an hunn de Coureuren nogejaut. Den Tour de Lëtzebuerg si mer ënnen op d’Strooss kucke gaangen. (op d’Speckbréck) Den Tour de France huet äis ganz staark intresséiert, well nieft dem Coppi an dem Bartali sinn och de Goldschmitts Jang an de Bim Diederich matgefuer. Spéider stoung de Charly Gaul als grousse Champion am Mëttelponkt.

Ech wollt och eng Kéier an den Tour de France kommen an hu mech mat menger Occasiounscoursemaschinn onheemlech druginn. Et muss dem Weinze Jéng seng gewiescht sinn. Eng Kéier sinn ech, et war am Bréil, sou géint der Owend, matten an en Trapp Kéi gerannt, well meng Bremse versot hunn an ech keng Luut u menger Maschinn hat. D’Véi ass wéi eng Büffelhäerd iwwert mech ewech gerannt an ech hat Bëlzen iwwerall. Aus dem Dram « Coureur du Tour de France » gouf näischt, mee dem Schlecke John vun Aassel (hie war besser wéi ech) ass et gegléckt. Hie war dee séierste Coureur aus der Géigend an en ass spéider mam Ocania am Tour gefuer.

Fussball ass zu Bous gespillt ginn. Déi Bousser haten e gudde Club a sonndes sinn der vill vun äis Bouwe mam Vëlo op de Match gefuer, well och eng Zäit laang Briedemesser do matgespillt hunn : de Kieffesch Aby an den Antes Marcel.

Vill Jonker hu sech e Motorrad geleescht, fir op d’Schaff ze fueren. Fir mech war et ëmmer e grousst Erliefnes, wann ee mech um Sozius matgeholl huet. De Weinze Jéng hat eng BMW, de Kieffesch Rën eng DKW, de Paals Foos eng Ilo. Mäi Monni Néckel awer hat e Berini. Dat war e speziellt Gefier. En ass eng Kéier owes net méi heemkomm an en huet missen d’Nuecht dobausse verbréngen. Säi Kommentar : »Ech hu bei der Mutter Grün geschlof a mech mam Berini zougedeckt. »

Zu Duelem gouf et e Kino an déi Briedemesser si sonndes owes de Schlassbierg erop op Duelem gepilgert, fir déi läscht Heimatfilmer ze gesinn. Muench Tréine si gefall, wann d’Försterliesel Liebeskummer hat an no der Virstellung ass et erëm duerch den Hunnebësch, laanscht de Schwiewelbur eraf op Briedemes gaangen, de Kapp nach voller Impressioune vum neie Medium Film.

An eiser Fräizäit hu mer Fräschen an der Baach gefaangen, Schëffer an der Baach fuere gelooss, Kuebennäschter ausgehuewen, Hütte gebaut an Expeditiounen op de Gipsbroch gemaach. Mir hunn äis sonndes, wa kee geschafft huet, op den Terrain vum Gipsbroch geschlach an do all Geheimnisser erfuerscht, déi dës Plaz an eiser Fantasie entstane gelooss huet.Hei hu mer eng Kéier eng Dréischeif gehuewen, fir blénkeg Kugelen ze fannen, an e Rad vun engem Buggi ofmontéiert, fir e puer Stëfter aus dem Lager ze klauen. D’Polferhaischen hu mer ni opgebrach kritt, well et eng Panzerdier hat. Heemlech hu mer dem Papp säin ale Flobert geholl, fir op Dousen, Fläschen, Spréiwen a Kueben ze schéissen. Vrun Aen huet een awer dat eeleft Gebot ëmmer missen hunn : « Lass dich nicht erwischen! »

Hu mer de Schoulmeeschter, de Paschtouer, déi Réimecher Jandaren oder de Beckerelli (dat war de Bannhéider) vu wäitem gesinn, hu mer äis séier aus dem Stëbs gemaach, fir hinnen net an d’Gräpp ze lafen.

Eis grouss Vakanz hu mer als Kanner rondrëm d’Haus, am Bongert, an de Wisen, op de Stécker, am Bësch an an den Duerfgaasse verbruecht. Eis Elteren haten am Summer vill Aarbecht a konnten net mat äis op d’Mier oder an d’Bierger fueren. Mallorca louch zu Munneref an Zermatt op Stoamp oder um Kréibierg.

De Fortschrëtt kënnt an d’Duerf

Nom Krich ass d’Liewen zu Briedemes méi liicht ginn, well d’Leit sech lues a lues modern Maschinnen ugeschaaft hunn: Autoen, Trakteren, Aarbechtsmaschinnen.

Mir Bouwe ware ganz staark un allem Techneschem intresséiert an esou bal een eppes Neits hat, stounge mir ëm dat Wonnerwierk an hunn et bestaunt.

De Weltesch Jacques hat eng déck Ford an de Millesch Jos eng Chevrolet. Den Thinnes Jules an den Hemes sinn Opel gefuer. Den Antes Jäng hat eng Camionnette, fir op de Maart ze fueren. Seng Jongen, de Räin an de Jos si Studebaker a Mercedes gefuer. Mat engem englesche Bedford aus dem Krich hunn se d’Camionszäit agelaut, fir spéider déi modernste Camionen a Fernlasteren ze steieren. Déi Jonk hu sech déi robust Volksween ugeschaaft: den Antes Leo a säi Brudder Marcel, de Kréimesch Jos, de Biekels Rosch, de Wäinze Jeng an de Lautesch Jos.

Well d’Traktere méi lues an imposant waren, hat ech se am léifsten. Ech sinn dacks matgeholl ginn, souz um Schutzblech iwwert engem vun den hënneschte Rieder an hu gestaunt, wéi esou en Trakter mat Force duerch Déck an Dënn gerullt ass, iwwert d’Stécker, duerch d’Wisen an d’Bëscher.

De Weltesch Jacques hat en MAN, dee stäerksten Trakter wäit a breet, de Millesch Jos e Ferguson an en Hanomag, de Berns Norb an den Hengeres Rën e Kramer, de Bräter a mir um Schlass e Güldner, de Jules en David Brown, de Paals Erny e Fordson an de Stäerwes Emile en Allgeier.

De Brätesch Jemp houl eng Kéier a sengem Stéck mat sengem klengen Trakter. En huet e Won nogezunn, dee vill ze schwéier geluede war. Op eemol huet den Trakter de Männche gemaach an déi zwee viischt Rieder hunn héich an d’Luucht gekuckt. An dunn huet de Jemp geflucht : « Nondidjö, hunn ech mer en Trakter oder e Fliger koat ? »

Den Heebléiser war nach ganz modern. Um Schlass, op der Millen, bei Meesch a bei Péiter hunn der gehurelt. Den Durbachs Jos hat eng fuerbar Dreschmaschinn an den éischte Mähdrescher aus dem Duerf.

Wéi der feststelle kënnt, ass d’Zäit vergaangen an all déi opgezielte Gefierer, zesumme mat de guttmiddegen Ardennerpäerd, si scho laang aus dem Duerfbild verschwonnen.

A well mer scho beim Bräter sinn, wëll ech iech nach eng Geschicht vun him verzielen.

Eemol ass hie sengem Hobby, dem Braconnéieren, nogaangen. E stoung ënnert engem Birebam, huet seng ofgeseete Schroutflënt ënnert dem Mantel erausgezunn an op eppes gelauert. « Op eemol koum jo net esouuuuuu e groussen (no senger Duerstellung 1 Meter laang) Hues. Ech hunn ugeluet a geschoss. Den Hues ass ëmgefall an ech och. A rondrëm sinn zéng Zenner Biren erofgefall. » – Ja, dat war de Bräter a keen huet en erwëscht, och net de Beckerelli.

E puer Gedanken zum Schluss

Vrun engem hallwe Jorhonnert waren d’Leit net esou vun der Auer gedriwwen ewéi haut. Si hu schwéier misse schaffen, waren awer vläicht méi geselleg a méi frëndschaftlech matenee verbonnen.

Een huet deem anere gehollef, d’Diere vun den Haiser stounge jiddwerengem op, et goufe manner Barriären tëschent de Leit wéi haut.

Beim Ujeen an der Wiertschaft gouf et richteg Gesellegkeet a bei Péiter Cecile, an der Epicerie, ass een alles gewuer ginn, hunn d’Leit sech een deem anere matgedeelt.

A wann een de Schlasspätter ënnerwee begéint huet, krut een déi néideg Liewensphilosophie mat op de Wee, dëst op Franséisch oder op Latäin, well hien an den Zwanzéger-Joren zu Clairefontaine an der Schoul war an dat alles do bei de Patere geléiert hat.

Et wier ze hoffen, datt mer dëse Geescht vu fréier mat an d’21. Jorhonnert kënnten eriwwerhuelen an nei opliewe loossen.

Jos. Jung

oder de Schlass Josy

Dernière modification le 30.11.20
Aller au contenu principal