Du wëlls Jugendpompjee ginn ?

Du bass:

… tëscht 6 an 16 Joer al?
… motivéiert an enger flotter Equipe vill nei Saachen ze léieren?
… wëlls weider berufflech Chancen am Liewen hunn?​

 

Weider Informatioune iwwert Jugendpompjeeën zu Lëtzebuerg fënns du op: www.jugendpompjeeen.lu

Firwat mir stinn?

ugendpompjee ze sinn, bedeit fir ee Jugendlechen, dat en kann zesumme mat senge Kollegen seng Fräizäit verbréngen, an dobäi och nach Wichteges vir d’Liewen ze léieren. Bei eis gëtt vill Wäert op den Zesummenhalt an der Grupp, Respekt an Teamaarbecht geluecht.

Wat maache mir?

Niewent dem Kenneléiere vum Pompjeeswiesen an allem wat domat verbonnen ass, maache mir awer och Sport, sief et Schwammmeeschterschaften, Crossen, asw.Des weideren huele mir reegelméisseg un Evenementer wéi Rallyen an Wëssenstester deel.

Wéi kontaktéiert een eis?

Wann s du elo virwëtzeg gi bass, dann mell dech op der Email: jugendpompjeeen.moutfort@gmail.com, a mir deelen Dir den nächsten Datum vun eiser Jugendübung mat.

Wéini sinn e is Übungen?

Eis Übungen ginn all 3 Wochen ofgehalen.

Mir freeën eis op dech.

Jugendpomjeeën CIS Moutfort

Dernière modification le 14.12.20
Aller au contenu principal