Gipsbroch

Wäiss Gold vu Waldbriedemes.

 

Artikel aus der Broschür vum 65ten Gebuurtsdag vun den fräiwëllegen Pompjeeën vu Waldbriedemes

E puer Wuert iwwer d’Gipsgrouwen.

Et wor am Fréijoer 1947 wéi de Gipsbroch zu Waldbriedemes zougemaach gouf. Deemols wor d’Escher Zementwierk de Patron vum Betrib an et ass kee Geld méi an d’Grouf gestach ginn well de Betrib onrentabel gi wor.

Zënterhir ass et roueg ginn, an de Gipsbroch läit verloossen an dreemt vu fréieren Zäiten.

Vereenzelt kann een nach Spuren dervun tëschend dem Gestraich erkennen, d’Reschter vun de fréieren Halden, déi agefale Schächt an d’Rampen, d’Siloen, a lues a lues hëllt d’Natur nees d’Iwwerhand.

Loost mer emol kuerz zréckkucken. Am Joer 1937 hat den Här Albert Gerson d’Grouf kaaft an deemols wor de Gips bal eppes wéi dat wäisst Gold well e wor séier gefrot.

Am Ufank hu 4 Leit hei hir Kuuscht verdéngt. De Gips ass mat der Piosch, an d’Alabastersteng si mam décken Hummer erausgebrach ginn déi zur Hierstellung vu Gipsen fir den Zenndokteschgebrauch benotzt gi sinn. Dëse Spezialgips ass an all europäisch Länner an esouguer no Indonesien verkaaf ginn. Am Akkord ass Fouer ëm Fouer op den ale Chevrolet Camion geschleeft ginn. Dee gouf nach mat Kuelen ugedriwwen an dann ass et op Réimech gaangen. Do am Héichuewen sinn d’Gipssteng dann dräi Deeg laang gebrannt ginn.

Vum Héichuewen aus ass d’Material dann an d’Zementwierk op Esch bruecht ginn. Do ass et geholl ginn fir déi richteg Mëschung bei der Zementhirstellung ze kréien.

D’Zementwierk huet am Joer 1939 d’Leedong vum Betrib am Gipsbroch selwer iwwerholl an et ass biergop gaangen. An den éischte Krichsjoeren gouf d’Nofro ëmmer méi grouss ower et ass net dru geduecht ginn d’Material an d’Methoden ze moderniséieren.

Den alen Hummer gouf weider bäibehalen, keng nei Walzen goufen ugeschaaft an d’Buggien hunn nach ëmmer misse wéi am Ufank mat Hänn an Äerm iwwer d’Schinne gedréckt ginn.

D’Zuel vun den Aarbechter am Gipsbroch ass weider an d’Luucht gaangen. An de Joeren 1941 an 1942 hu 16 Leit hei geschafft. Si koumen all aus der Ëmgéigend, vu Waldbriedemes, Duelem, Trënteng, Ierpeldeng…

Een Aarbechter vun Duelem, en huet Belener geheescht, huet säi Liewen gelooss wéi e Gipsblock vun en etlech Tonnen op hien erof gefall ass.

Dat ganzt Wierk huet bestanen aus enger Haaptgalerie mat verschiddenen Agäng, de Siloen mat de Rampen fir aus- an anzelueden, engem Gebai fir de Viraarbechter, engem aneren fir d’Aarbechter an engem Polferhaischen.

De Betrib huet sech gutt rentéiert. Et gouf esouguer Gips op Éiter op den Zuch bruecht fir exportéiert ze ginn.

Dat war ower net fir laang. Ee vun den Haaptleit, de Chemiker, hätt gär méi an der Pei gehat. A wéi en dat net bewëllegt krut, ass en enzwouscht anescht schaffe gaangen a vun do un wor d’Kalitéit vum Briedemësser Gips net méi zefriddestellend.

De leschte „Kumpel“ aus Waldbriedemes: Marcel Schmit

De Gips hat zevill « Kaalwer », dat sinn an der Fachsprooch Blosen, an op Grond vun deene wor et net méi méiglech mat der Konkurenz Schrëtt ze halen.

Et ass no an no méi lues gaangen an am Jor 1947 huet d’Gipswierk, well et onrentabel ginn ass, seng Diren du fir ëmmer zougemaach. Mat dem Gipsbroch ass déi bis dato eenzeg Industrie aus der Gemeng Waldbriedemes verschwonnen.

Dee leschten Aarbechter, deen nach am Gipswierk geschafft huet, wor de Marcel Schmit (Hengres Marcel) vu Waldbriedemes, dee läschten liewenden Grënnungsmember vun de Pompjeeën. Hie wousst nach esou munches aus senger Zäit ze verzielen an dat ass all Joer op « Bärbelendag » ëmmer nees frësch verzielt ginn. Dann huet de Marcel gezielt vun de schwéieren Buggien déi sech heiansdo selbstänneg gemaach hunn, iwwer de Prellbock ewech gespronge sinn an dann hunn d’Aarbechter se nees misse mat de Baueren hire Päerd erauszéien.

Eng Kéier ower wor et och dem Marcel net méi eendunn.

Et wor am Krich an déi Däitsch Besetzer haten och hei am Gipsbroch d’Opsiicht.

Hei koumen se eng Kéier an d’Wierk fir d’Stäipen an de Galerien ze kontrolléieren. De Viraarbechter huet hinnen de Marcel mat an d’Stollen am Bierg geschéckt fir hinnen alles ze weisen.

De Marcel duecht elo wir et säi Lescht an se géifen no verstoppte Jongen do sichen. Séng Hänn hu geziddert, en hat den Dadder an et gouf him weech an de Knéien wéi se an de Stollen eragaange sinn.

Ma et wor net fir laang, well aus dem Gespréich mat de Leit huet sech erausgestallt datt et sech tatsächlech ëm soss näischt gedréit huet wéi eng ganz normal Inspektioun.

Och déi Geschicht huet de Marcel ëmmer gär verzielt.

Ruppert J-Cl.

Aus dem Buch «Den Dall Erop – Gedanken beim Fluss » vum Marcel Maack.

Aus Erzielungen vu verschiddene Leit.

Aus dem Zementswierk vun Esch-Uelzecht.

Dernière modification le 30.11.20
Aller au contenu principal