d’Klausbridder vum Stiewesbierg

Här Buurgermeeschter, Här Dechen, dir Dammen an dir Hären.

Fir d’Restauratioun vun engem Bau ze feieren, vun deem een nët méi ganz vill ka gesinn, do muss ee sech deste méi derbäi denken – an ech hoffen, ech tiirmen iech hei de Mëtteg nët ze vill. Ech hoffen ech gin nët ze wäit sichen, ma ech hätt néideg, wéinstens esouwäit hannerécks ze fueren, wéi d’Steng hei drun erënneren.

Datt déi Kiirch, déi hei um Stiewesbierg stung, eng Kéier muss d’Porkiirch gewiescht sin, – vu wéi enger grousser Por, dat weess keen – ma d’Saach u sech steet fir mech guer nët zur Fro. ‘T kann aus e sëlléche Grënn bal nët anescht gewiescht sin. Zum éischte schwätzt d’Gréisst vun deem ale Bau fir sech an zum aneren de Gebrauch, no deem s’ëmmer erëm huet missen neiopgeriicht gin. (Déi leschte Kéier as s’et iwwregens gin, zu enger Zäit, wou s’ewell sécher keng Porkiirch méi war, am 16. Jorhonnert). De Gebrauch war deen, datt d’adlech Herrschaft d’Schëff an d’Rei ze setzen hat an d’Porleit den Tur. Dee Gebrauch huet an der Feudalzäit awer gemenkerhand même fir Porkiirche gegollen (oder da fir Kiirchen, déi dat eng Kéier gewiescht waren). Sou hat et sech dann och hei. – Wat soss gewosst as: Waldbriedemes huet am 13. Jorhonnert ewell d’Por mat iwwerkritt an déi as och do bliwwe bis an d’19. Jorhonnert eran.

Déi Zäit, wou Al-Trënténg d’Por hat, déi muss duefir nach méi wäit zréck leien. De Stiewes-Patrozinium, de Stepahnus als Titelhellegen, deen as och vill éischter am Moud gewiescht ewéi d’Dräifaltegkeetspatrozinium vu Briedemes; dat passt och an d’Zäit. Déi laang Kludd vu Stëftongen, déi de Stiewesbierg mat virugeschleeft huet duurch d’Jorhonnerten, déi soen och genuch. Dann déi vill Feierdeeg, déi hei viru begaang gi sin: Stiewesdag natiirlech als Patréinerdag, dann Ouschterméindeg a Päischtméindeg, Hellegkräizdag, Mäertesdag, an nët ze vergiessen: Kiermesdag, den 9. Mee – do sti mer jo dann de Mëtteg och nees richteg. All dat schwätzt fir eng Kiirch a keng Kapell, ofgesin dervun, datt s’och nach vun aalst hier dräi Alteër hat, den Houelter war natiirlech dem hellege Steffe säin. – Fir wat nun awer de Paschtouer den Dall gewiesselt hat, am héije Mëttelalter dat versteet sech vläicht am beschten, wann ee bedenkt, datt d’Häre vu Gondeleng (an och déi vu Pëtten) apaart zwee dichteg Kléischter vill Land an Hief a Wangerte geschenkt hun am Dall niewendrun, an nët nëmmen dat: Si hun hinnen do och d’Kiircherecht ofgetruden – de Kiirchesaz huet dat sech genannt, – deemols hat de Schlasshär nach dacks d’Recht fir de Paschtouer virzeschloen – abbee, dee Briedemësser Kiirchesaz, deen hu sech du déi zwee beschenkte Kléischter gedeelt – d’Schwësteren am Märjendall an d’Mënsterpateren an der Stad – an ‘t ka gutt sin, datt eng Kéier du de Kiirchenneibau am anerern Dall erfollegt as, do wou d’Kléischter hir Gidder haten, an datt de Paschtouer och duer säin neit Härenhaus krut – mir wëssen et nët, well d’Gondelénger Schlassarchiv as an der Fransousenzäit mat Dam géint Himmel gaang. Wat mer awer kënne glewen: Déi Gondelénger hun déi Trënténger Kiirch um Bierg nawell nët ganz opgin – wann de Porwiddem och den Dall gewiesselt huet, déi al Kiirch as dach virun bedéngt gin: Déi Gondelénger hun nämlech du um Stiewesbierg eng Klaus gestëft – eng Eesiddlerwunnécht, eng Klausbrudderwunnécht, fir datt d’Kiirch gewassermoosse sollt hire Koschter behalen. D’Klaus huet der Kiirch um Stiewesbierg demols hiren neien Numm gin, an dobäi as et bliwwe bis an d’Fransousenzäit.

Eng Klaus, wéi deemools d’Vollek d’Eremitewunnénge genannt huet, dat war deemools guer a glat näischt eenzeges, eemoleges – där Klause stungen dosenteweis am Land – se sin nët all esou bekannt ewéi d’Giischter Klaus oder d’Helzer Klaus oder d’Klaus um Maarxbierg bei Longsdrëf oder d’Klaus um Pirmesknupp bei Kaundrëf – ma déi Klausen hunge fréier all mateneen zesummen, andeems Klausbridder aus deem nämmléchten Uerden se fir d’allermeescht bewunnt hun – an dee grousse Krees vun Eremitebridder gehéieren och déi laang Rëtsch vu Klausbridder hei um Stiewesbierg mat erann.

‘T däerf ee just nët mengen, ‘t wire Patere gewiescht, déi jiddereen eleng fir sech anzwousch Kaploun gespillt hätten. Si ware wuel Uerdensleit, ma geweit ware se nët! An deem Fall hätt de Bierg hei jo dan awer säi Kaploun behalen, ma sou war et nët; de Klausbrudder huet sech wuel ëm d’Kiirch gekëmmert, ma e konnt just dra Koschter spillen. Si sin duefir awer mam Duerfliewe verwuess, si ware guer nët esou eleng, wéi den Numm et seet, an’t as duefir iwwer si, wou ech hei dat meescht muss zielen.

Fir sech e richtegt Bild vun sou engem Klausbrudder ze maachen, deen deemools ganz natiirlech zum Duerfliewe gehéiert huet, do hätt een néideg, dach nach eng Iddi méi déif ze wullen. Dat Bild huet uechter déi ganz al Zäit nämlech faméis changéiert. Déi alle eelst krëschtlech Eremite sin nach ganz aner Leit gewiescht ewéi déi aus där méi jonker Vergaangenheet; ma’t muss ee sech s’eben der Rei no ukucken, fir datt een d’Geschicht vun där Liewensmanéier e bësse versteet. An da muss ee sech nawell gesot si loossen, dat een déi ganz laang Rëtsch geeschteg nët an een Dëppe kritt.

Dat eelst Krëschtentum huet nach am Orient déi Zort vu Eesiddler kannt, déi sech ganz a Sand a Steng verkroch hun an näischt méi wollte mat der Welt ze din hun. Déi Gesellen hun da just vu Reenwaasser, Dëschtelen a Wuurzele gelieft – déi hun nach Bouss gedin sou datt se jorelaang op engem Bee stungen oder mat den Aerm an d Luucht – sou Leit hun dann och keng Flou méi gespiirt. Ma vun där Zort hu mir, dës Säit de Bierger, just ee gehat, dat war de Mann vun Mont St Walfroy am belsche Lëtzebuerg. D’Läit si laang duer biede gaang.

Wat een dovun muss festhale fir déi Zäiten duerno: Déi krëschtlech Kléischter stellen am Fong den Zesummeschloss vun esou eem Esiddeleien duer. Wéi d’Kiirch hir eege Leit méi nee kontrolléiert huet, do huet dat wëllt Elengliewen an de Bëscher sech no an no ginn. Zu Aasselbur douewen hu se fréier ëmmer d’Odesklaus gewisen – dat war strenggeholl d’Klaus vum hellegen Oddo, vum Saint Ouën vu Soisson . Ob de Mann wiirklech eng Kéier dra war, dat ka kee soen. Sou as et och mam hellegen Theobald a mam hellege Walter, déi an der Eenelt Klaus bei Miersch solle gehaust hun – bis se dann op Roum gepilgert sin an nët méi erëmkoumen – gët gezielt. Wat wiirklech nach e wëlle Klausbrudder war, dat war de Schetzel am Gréngewald – ma dee war den Zisterzienserpatere guer nët kauscher. Wéi s’am Gaang waren, d’Klouschter Himmerod opzeriichten, an der Aifel, do sin hirer puer eriwwerkomm, no em sichen. A wéi se n e fond haten, du hu se ne gedoen, wéinstens fir een Ablack hir Uerdenstruecht undin – vläicht war et och nach gutt gemengt, fir datt kee soll denken, e wir nët an der Rei. Ma sou muss ee sech fir eis spéit Feudalzaït eis Klausbridder nët méi virstellen: D’Eesiddler hei vum Stiewesbierg, datt sin alleguer ewell Uerdensleit gewiescht: soss hätt d’Kiirch se kaum hei Koschter spille loosst. Iwwer d’Lëtzebuerger Klausbridder wësse mer bis an d’17. Jorhonnert wuel schlecht Bescheed ma duerno deste besser; well dann tope mer nämlech zu Metz, am Lottréngeschen, op dee Reformator, deen eng ganz Häärd vu Klausbridder ënnert een Hutt bruecht huet (ënnert eng Kaputz, son ech hei wuel besser) : Hien huet sech genannt Frère Michel de Sainte-Sabine; hien huet 1630 d’Congrégation des Ermites de Saint Jean-Baptiste an d’Liewe geruff. Där Kongregatioun hun hei am Streech an déi drësseg Klausen ugehéiert. Deen Uerden huet d’kiirchlech Hierarchie absolut respektéiert: de Beschof war ëmmer de Chef fir séng Diözen – fir eis Géigend hei duefir ëmmer den Aerzbëschof vun Tréier. Deen hat als Delegéierten dann ëmmer ee vu séngen Dechen als Kommissär. Nieft him gouf et dann de Brudder Visitator: dat war ee vun den Uerdensbridder, deen iwwregens demokratesch gewielt war an dee mat véier elere Bridder zesumme all Joer als Inspekter vu Klaus zu Klaus gereest as, fir ze kucken, ob all déi Bridder sech och ginge schécken.

Da war och all Joer d’Jenerolkapitel – fir de Miseler Eck hei war et laang zu Maacher, dann zu Réimech an herno zu Lennéng. Do as dann all Jor all Inspektioun zur Sprooch komm – an ‘t as och déi nei Kommissioun gewielt gin, déi fir dat Jor drop alles z’ënnersichen hat. Do luchen dann also – fir bal anerhallef Jorhonnert laang – all Kaarten um Dësch. Vun do un as ee ganz gutt am Bild, wat sech an all eise Klausen doruechter déi Joren duurch ofgespillt huet. Esou léisst sech dann och e Bild kréie vun alldem, wat engem Klausbrudder séng Flichten a séng Suerge gewiescht sin.

Et muss een do ëmmer nees dervun ausgoen, datt esou en Eremit keemol e geweite Geeschtléche war. Wann e säi Versprieche gët, wann e séng Uerdensprofess ofleet, dann heescht dat nët, datt en all d’Sakramenter ka spenden. Just dat konnt e Klausbrudder nët! Hie konnt duefir néierens de Kaplon man! (‘T hun hei wuel och hei ands do Kapléin um Stiewesbierg gewunnt, wa grad Plaz war an der Klaus, a soss néierens en Ennerdaach, ma da waren dat keng Leit aus dem Eremitenuerden – da waren dat keng « Bridder »!) Engem Klausbrudder seng Missioun an der krëschtlécher Welt sollt am Fong nëmmen d’gutt Beispill si fir séng Nopere ronderëm. E Liewe mat vill Gebiet, ma och mat enger zolitter Portioun Aarbécht. (Hien sollt déi Aarbécht just nët mat aneren an engem Klouschter duerch zéien, ma eleng op sénger Klaus, dat heescht: bal ënnert de Leit!

Eng Klaus konnt héchstens zwéi Bridder ophuelen, wann emol een al oder krank gi war. De Klausbrudder hat queesch duurch den Dag ëmmer séng Bietstonnen, säi Brevéier, an dodertëschent séng Handaarbécht. D’éischt emol a sénger Kichen. Hien huet sech jo selwer misse kachen an duefir war en och ageriicht. Gemenkerhand war nieft enger Klaus och e schéine Geméisgaart. Hei ands do souguer e klenge Bakuewen. Ma d’Brout war dach dat, wat de Brudder gewéinlech bruecht krut, vun de Porleit. Hien huet nëmmen däerfen heesche goen, wann en nët genuch vum selwe krut, an en huet duefir nëmmen däerfen eng kleng Zomm Daleren unhuelen. Hei laascht d’Musel haten d’Klausbridder no der Drauwelies och nach d’Gléck fir hir Deel Moscht matzekréien. De Bëschof vun Tréier hat et just nët gär, wann s’och nach kéipweis Kiirmeskuch kritt hun, allenennen. Ma erhéngert si se nët! ‘T soll och keen ze laang fort sin: Fir e puer Deeg bei d’Nopeschbridder ze reesen (zu Fouss oder wann e Bauer een um Gefier matgeholl huet dat hu se däerfen, ma an aacht Deeg sollte s’erëmsin – oder awer sech eng sonner Erlaabnës gefrot hun. Dat gung och. Onmënschlech war hir Uerdensregel also nët. Wat ganz verbuede war: Fraleit mat an d’Klaus ze huelen a wa méiglech och nach mat hinnen an der Klaus eng unzekréien wéi an der Regel steet. Wann engem déi geschitt as, da konnt en d’Kleed ausdin. Méi war dann och nach nët. Bei sou Saache war all Paschtouer séngem Klausbrudder säin Inspekter. Deen Dag, wou d’Generolkapitel war, do koum all Klausbrudder dohinn, mat engem zougesigelten Bréif vu séngem Paschtouer, wou drastung, wéi e sech dat Jor geschéckt hat. ‘T war iwwregens guer nët esou liicht, anzwousch Klausbrudder ze gin. ‘T konnt ee säin Eesiddlerverspriechen eréischt no 25 Jor gin, an’t huet ee duefir missen op d’mannst 45 Jor al sin. Wann een déi aarm Zäit richteg versteet, an där déi Bridder gelieft hun da war hiirt Aarmuttsversprieche mol guer nët deemno uerg. Hirem Ueden no sollt nämlech jiddereen en Handwierk matbréngen an dovu liewen. Do goufen et dër, déi ware Kéifer, Schräiner, Schneider, Schouschter an Léngewiewer souguer – déi haten dann hir kleng Wierkstad an hirer Klaus, an d’Leit si gär bei se komm. Si hun zum Duerf gehéiert.

Wéi war et nun hei mat de Bridder vum Stiewesbierg? Am beschte gi mer gläich déi Rei duerch, vun dene mer d’Nimm nach wëssen. Ma wat déi Stiewesbiirger Bridder vun alle Klausbridder am Emkrees ënnerscheed dat hëlt een eenzock an uecht: Si waren alleguer, ee wéi deen aneren Schoulmeeschter fir den Dall. ‘T ka sin, datt déi extra Oplo nach aus där Gondelénger Schlasstëftong kënnt, déi ka verlaangt hunn, si sollte sech op déi Manéier den Duerfleit nëtzlech maachen, ma wéi gesot mir wëssen et nët. Huele mer emol un, ‘t war esou, da war dat gewess nët sou domm!

– Da gi mer s’elo mol kuurz duerch, d’Klausbridder hei vum Bierg:

Deen éischten, vun deem mer 1690 eppes gewuer gin, da’s de Brudder Bonaventura. Wéi den Numm scho seet, war et e Franziskanerbrudder (där konnt och mol ee mat drënner sin), geschriwwen huet e sech Maréchal. No him war et dann awer, wéi gewéinlech erëm e Brudder aus dem Eremitenuerden, de Brudder Gérard Bichel, zimmlech sécher e Lëtzebuerger: e war ganz beléift. Wéi e méi al gin as, krut en de Brudder Felix bei sech, wat vläicht erëm e Lottrénger war (säin Numm war Laloire). Wien no hinnen zwéin op der Klaus war, dat war zimmlech warscheinlech en Duelemer, de Brudder Bruno, ma ech wëllt keen Numm nennen, well ech do nët sécher sin. Hien ass och op der Klaus gestuerwen, grad wéi de Brudder Gérard virun him: dat war 1719 a 1725. Deen no hinnen, dee koum vu Schëtter, de Brudder Macarius (mat séngem Hausnumm Linners), gestuerwen as en op der Klaus 1733. Deen nächste Klausbrudder war dann erëm e ganz apaarten – een dee vu w!ait hier komm war – hie war vu Köln gebierteg, de Brudder Jacobus – Jacobus Mandeler. Hie war och wäit gereest; hie war zu Roum an den Uerden agetratt, an dat war em e bëssenan de Kapp geschloen, hun d’Leit gemengt; ma och séng Bridder hu fond, hie wir e bëssen iwwerspaant. Begruewen hu se en zu Briedemes an Klausgraf 1742. – An du koum eng Zäit, wou laang kee méi do uewe war, keen Uerdensbrudder, mengen ech, ma Schoul gehalen as awer gin, dann ebe vum Kaploun, deen dann och do gewunnt huet. D’éischt war et emol de Jhang Fridrich Hildt, an no him de Mathias Engel. Sou sinn ëmmer 18 Joer vergaang, bis erëm e Klausbrudder koum. Ma mat deem haten déi Daller du awer och apaart Gléck, well en huet et ganz laang gepackt – 41 Joer laang, de Brudder Paulinus Wagner vu Miedernach. Hie war nët nëmmen Daller Schoulmeschter, hien hat och nach e ganzt raart Handwierk, woumat e sech um Gondelénger Schlass an bei de Geeschtléchen Häre konnt beléift maachen: Hie war Buchbënner. ‘T as souguer nach e Porrëgëschter rescht, dat hien agebonnen huet. Wéi de Brudder Paulinus gestuerwen as, du war säin Uerden ewell laang ofgeschaaft – de Keser Jousef II. hat dat 1783 ewell dekretéiert.

An no den Eisträicher waren d’Fransousen an d’Land komm, ma och dat huet de Brudder Paulinus nët ëmfale gedin – hien as eréischt 1801 enges ganz natiirlechen Douds gestuerwen, wéi den Napoleong schons um Rudder war. No him huet op der Klaus nammol e Kaploun Schoul gehal, de Franz-Jousef Mersch, an no him nach zwéi Klausbridder, de Brudder Xaverius an de Brudder Ambrosius, ‘t weess kee, vu wou se sech duer veriirt haten. ‘T hëlt een un, se si gebraucht gin. E Schoulmeeschter war ëmmer derwäert.

Ma iwwerdeems war der Klaus um Stiewesbierg awer nach eng aner geschit déi fir richteg am Fong nëmme konnt um Pabeier geschéien. Mir däerfen äis och em 1800 nach d’Klaus nët esou virstelle wéi elo, wou just nach e Stéck Kouer do steet – deemols stung nach d’ganz Kiirch! Si wir vläicht héichnéideg nei ze baue gewiescht, ma Mass war nach dran ze halen, an’t as der och wéi vun aalst hier ëmmer nach dra gehale gin. Souvill wousst och deen neie franséische Bëschof, deem d’Land an der Fransousenzäit ënnersalt war gin – dat war dee vu Metz – an hien huet fond, do léiss sech dach ganz zerguttst eng al Por nei grënnen – domat wiren Aerséng Trënténg a Réid nees doheem bedéngt gewiescht – a Waldbriedemes a Gondeléng wire fir séch gaang. Um Pabeier huet dee Metzer et du och esou gemaach: 1808 huet de Keser Napoleong deen neie Pordekret ënnerschriwwen an d’Por Stiewesbierg huet et offiziell erëm gin! ‘T as och gläich e Paschtouer duer genannt gin, ma wéi dee kucke koum, do konnt en nëmmen de Kapp rëselen an nees goen. Déi nei al Por hat nët nëmme keen Härenhaus, ma och emol kee Kierfecht. A ganz aller Zäit war wuel ronderëm d’Klaus begruewe gin, ma zanter Mënschegedenken nët méi. A bei denen éiwege Krichszäiten, zanter d’Land franséisch war, do hat och kee vill Iddi, fir sech iirgenwéi an d’Käschten ze geheien. Eng nei Strooss wir deemools grad sou wéineg gi wéi eng nei Por. D’Por Stiewesbierg, déi gouf et wuel nees zanter 1808, ma ‘t gouf se, wéi gesot, just um Pabeier an’t gouf se bal zwanzeg Joer laang esou! Do si véier Paschtéier der Rei no duer genannt gin an si hun hir Pei agestach ouni Dëngscht ze din. Dodrun huet och den hollännesche Kinnek zanter 1815 näischt geännert – déi Daller si vum Briedemesser Kaploun bedéngt gi wéi fréier oder si sin iwwer an d’Houmass gaang, sou wéi se wollten, an domat hat et sech. Ma déi hei d’Gehalt agezunn hu fir näischt, déi hu sech am mannste beklot. Wien deem Spaass en Enn gemaach huet, dat war nët den neie Bëschof, de vu Namur, ma e ganz aneren – e klenge Landbuergermeeschter vun zimmlech wäit ewech. Deen hätt wuel eng Kiirch, säi Kiirfécht a säi Paschtoueschhaus tipptopp fäerdeggehat, ma hie krut kee Paschtouer! Well den Hollänner wollt d’Zuel vun de Poren nët eropsetzen. Dee Mann, dat war de Buurgermeeschter vun Dippeg. Hien hat Wand kritt vun där Geeschterpor hei am Trëntengerdall; hien huet du emol no deem Gespenst vu Paschtouer gesicht, an hien hat en och séier. An du huet e séng Fieder gehol an duergemaach. Dat war du zu Pabeier kom an dat hat Kapp a Fouss. Wann déi dohanne sech nët beganne mam Haus a mam Kiirfecht – a wann hire Paschtouer mat der Pei zefridden as ma dann dot e wéinestens eppes schaffen derfir! Schéckt e bai äis dann hieft der déi doudeg Por do op, an dir gitt eis se! Da misst alles a séng Rei kommen. An sou as et geschitt! Waan een eppes reichteg upéckt, da kann et alt mol e Stéck ginn: Dee leschte Paschtouer vum Stiewesbierg, de Péiter Hemes vu Grousbous deen as du 1827 op Dippeg geplënnert, fir endlech eppes fir séng nei Por ze schaffen. An du war et alt erëm 24 Joer roueg am Dall, an ëmmer méi roueg, héil ee jo gär un, well elo as lues alues de Stiewesbierg an e Koup gefall an och ofgerappt gin. Ma eréischt wéi d’Kiirch richteg zum Steebroch gi war, du as sech begannt gi fir déi nei Por. 1851 eréischt koum deen neien Här op Trënténg.

Ma déi nei Trënténger Porgeschicht, déi steet op engem anere Blat. Déi brauch iech de Mëtteg kee Kappbrieches ze man, (dat hei as dat lescht Blat, wat ech bei mer hun). Ech soen iech merci.

Alain Atten

Dernière modification le 30.11.20
Aller au contenu principal