Walbredimus goes Green!

Aweiung vun der Photovoltaikanlag um Hall Technique

Den 30ten Juni huet de Schäffen- a Gemengerot zesumme mat der Ëmweltkommissioun déi nei Photovoltaik Anlag um Hall technique ageweit. D’Ëmweltkommissioun huet wärend der Pandemie profitéiert an hat iwwert déi lescht Méint divers Offeren ugefrot an Zenarioen duerchgespillt fir da schlussendlech déi beschten Offer ze fannen. Schlussendlech ass dann eng 69kwP Anlag realiséiert gi wou de Maximum de méiglech war op där Platz erausgeholl ginn ass. Déi ganz Frontpartie vum Daach (Süden ausgeriicht) an en Deel vun der hënneschter Partie ass mat Solarmodulen ausgestatt ginn. En plus, ass en Panneau opgehaange ginn de vun der Strooss aus erkennbar ass an déi aktuell Leeschtung uweist. D’Leeschtung vun der Anlag produzéiert Stroum fir bis zu 20 Haushälter d’ganz Joer duerch mat gréngem Stroum ze versuergen.

Dës Ëmsetzung ass just den Ufank vun der Initiative dass d’Gemeng Waldbriedemes méi nohalteg gëtt. Och beim Neibau vun der Schoul ass nieft dem Gréngdaach och eng kleng Photovoltaikanlagen derbäi gesat ginn. Mee et ginn nach aner Standuerter wéi z.b. den Daach vun der aller Schoul aktuell och analyséiert fir ze kucken op hei en konsequente weideren Ausbau vun der Photovoltaik méiglech ass.

Fakten:

  • 188 Monokrisatallin Hochleistungsmoduler mat 370Wp

  • Huawei Smart String Wechselrichter

  • Leistung in KWp = 69,56

  • Gewinn nach 15 Jahren = 47045 Euro

Dernière modification le 02.08.21

Des articles de la même catégorie

Fusion des communes de Bous et de Waldbredimus

Fusion des communes de Bous et de Waldbredimus

Conformément à la loi y relative du 3 mars 2023, les communes de Bous et de Waldbredimus sont fusionnées au 1. septembre 2023.   Vous trouverez les informations de la nouvelle commune de Bous-Waldbredimus sur le site bous-waldbredimus.lu (alternatives...

lire plus
Aller au contenu principal